Sou fräi Lyrics

Lyrics
Wéi en Draach am Wand
Pabeierschëff um Himmel
Faarweg Koplabunz
Um bloen Trampolin
Wéi en Draach am
Iwwer all Grenze fléien

Sou fräi wëll ech gin
Wéi Gedanke sin

Kuck dat Kand um Wee
Sou liicht säi Liewe spillen
Wa säi Laache kléngt
Gët an der Däischtert Liicht
Kuck dat Kand um Wee
Aus Dreem en Heem erfannen

Sou fräi wëll ech gin
Wéi Gedanke sin

Fléi mat mir an d'Sonn
Mir gräife no de Stären
'T gët eng aner Welt
Wou mir eis all verstin
Fléi mat mir an d'Sonn
Iwwer on eege Grenzen

Sou fräi wëll ech gin
Wéi Gedanke sin
Was als nächstes?

Dein Karma steigt mit jedem Klick! Teile den Guru-Link und bring Lyrics in die Welt.

Marion Welter & Kontinent - Sou fräi
Quelle: Youtube
0:00
0:00